Eischt Hëllef bei Hausaufgaben – ouni Stress duerch d\’Hausaufgaben

Eischt Hëllef bei Hausaufgaben - ouni Stress duerch d\'Hausaufgaben

Eischt Hëllef bei Hausaufgaben – ouni Stress duerch d\’Hausaufgaben

De Kierperatelier
08/02/2025    
10:00 – 16:00
  • atelier / stage

Workshop “1. Hëllef bei Hausaufgaben – Ouni Stress duerch d’Hausaufgaben”An dësem Workshop bidde mir dem Kand-Elteren-Team d’Méiglechkeet erauszefannen, wat si eigentlech genau brauche fir kënnen entspaant mateneen ëmzegoen. Wat sinn d’Léierkanäl vum Kand, wéi bleiwen d’Eltere geloossen a wéi kann een d’Kand a séng Elteren als Unitéit formen, esou dass jidderee séng Stäerkte kann notzen?
De Fokus läit hei kengesfalls op der schoulescher Leeschtung oder Entwécklung vum Kand an et ass och net Thema vum Workshop déi ze verbesseren. Villméi kucke mir op d’Gesamtsituatioun an de Konflikt, dee vill Elteren a Kanner regelméisseg an dëser spezifescher Situatioun mateneen hunn.

Hutt Dir reegelméisseg Sträit, Konflikter a Stress esou bal et em d’Hausaufgabesituatioun geet? Hei kënne mir zesummen op Är jeeweileg Bedürfnisser kucken an erausfannen, wat jidderee brauch, fir dass et méi entspaant a roueg kann oflafen.

Mellt Iech an Äert Kand / Är Kanner gär un an entdeckt gemeinsam, wat jidderee brauch an dozou ka bäidroen.
Aktuell Offer:
8. Februar zu Useldéng an der Manukultura + 1. Mäerz online.


Organisateur et/ou animateur: De Kierperatelier
Contact :